Kampf géint DrogeschmuggelSri Lanka huet Doudesstrof nees agefouert

D'Regierung huet e Mëttwoch decidéiert, dass 19 Persounen, déi zum Doud veruerteelt sinn, sollen exekutéiert ginn.

De President vu Sril Lanka Maithripala Sirisena

D'Doudesstrof war 1976 eng leschte Kéier op Sri Lanka applizéiert ginn. Si gëtt fir Mord, Vergewaltegung an Drogendelikter verhaangen. Den Ament sëtzen iwwer 740 Persounen a Prisongen, déi zum Doud veruerteelt sinn. Donieft wëll d'Regierung och d'Arméi géint Drogenhändler asetzen.