Syrien28 Ziviliste bei Loftattacke an der Nuecht gestuerwen

Duerch eng Loftattack an der Nuecht op en Territoire am Oste vu Syrien, deen ënner Kontroll vun der IS steet, koumen op d'mannst 28 Zivilisten ëm d'Liewen.

© AFP Archivbild
Wéi et vum syreschen Observatoire fir Mënscherechter heescht, wier nach net gewosst, ob déi international Koalitioun oder déi irakesch Arméi fir d'Attack responsabel war. Déi staatlech syresch Noriichtenagence Sana schwätzt vun 30 Doudegen an Dosende vu Blesséierten. Si mécht d'Anti-IS-Koalitioun fir d'Bombardementer responsabel. Eng sëlleche Wunnhaiser goufen attackéiert an zerstéiert.