Wittlich (D)5 Persoune blesséiert, eng dovunner méi schwéier

An den Accident um Wupp vun engem Stau e Freideg géint 16.30 Auer op der A1 bei Wittlich a Richtung Tréier war och e Lëtzebuerger Won involvéiert.

© Input-Presse

Zwee Gefierer konnten nach mat Zäite bremsen, fir den aneren Autoen net dropzefueren. Eng Camionnette krut awer net gebremst an ass engem vun de Gefierer dropgefuer an huet dat op dat anert gedréckt. Beim Ongléck goufe 5 Persounen an en Hond blesséiert. Eng Fra vu 27 Joer gouf méi schwéier verwonnt.

De Materialschued läit bei 40.000 Euro. Wéinst dem Asaz huet d'A1 a Richtung Tréier missten eng Stonn laang gespaart ginn.

© Input-Presse