GazasträifIsraelesch Aviatioun gräift Hamas un

An der Gazasträif huet déi israelesch Aviatioun an der Nuecht op de Samschdeg Ziler bombardéiert.

© afp (Archiv)

Wéi et heescht wiere militäresch Infrastrukture vun der radikalislamescher Hamas ugegraff ginn. Gläichzäiteg wieren 3 selwer gebastelt Rakéiten aus der Gazasträif ofgeschoss ginn, schreiwe lokal Medien. Iwwert eventuell Affer ass dogéint näischt gewosst.

Virun de Bombardementer gouf eng israelesch Militärunitéit mat Handgranaten an der Stad Rafah attackéiert. Dobäi gouf een Zaldot blesséiert.