Bëschbränn51 Joer ale Mann a Kalifornien ugeklot

De Mann kritt reprochéiert op d’mannst eent vun de Feieren a Kalifornien bewosst geluecht ze hunn. Hie riskéiert liewenslänglech Prisongsstrof.

Den US-Bundesstaat Kalifornien ass weiderhin mat enger helle Wull u Bëschbränn geplot. Op 18 verschiddene Plazen brennt et. De Parquet vu Los Angeles huet elo en 51 Joer ale Mann wéinst Brandstëftung ugeklot.

Hie kritt reprochéiert op d’mannst eent vun de Feiere bewosst geluecht ze hunn. De Brand an der sougenannter Holy-Jim-Schlucht am Süde vu Kalifornien huet scho ronn 4000 Hektar Bësch zerstéiert – 20.000 Leit hu missten evakuéiert ginn.

De Mann riskéiert elo liewenslängleche Prisong.