Geriicht SarregueminesMann dee geflücht war, konnt en Donneschdeg festgeholl ginn

Dee jonke Mann, deen e Mëttwoch aus engem Geriicht zu Sarreguemines a Frankräich fortgelaf war, konnt en Donneschdegowend gepëtzt ginn.

© AFP-Archiv

Hien hat sech an engem Bësch, ronn 25km vu Sarreguemines verstoppt.

De Mann vun 21 Joer hat sech e Mëttwoch, kuerz ier hien wéinst engem Vol mat Gewalttätegkeeten zu 3 Joer feste Prisong sollt veruerteelt ginn, aus dem Geriichtssall duerch eng oppe Fënster ewech gemaach a war zanterhier op der Flucht.

D’Fënster war ausnamsweis op, wéinst der grousser Hëtzt Mëtt der Woch.