Geriicht zu SeattleSchosswaff aus dem 3D-Drucker? Pläng kéinte verbuede ginn

Um Freideg gëtt decidéiert, op et weiderhin erlaabt ass, fir am Internet Pläng ze publizéieren, wéi ee sech eng Schosswaff mat engem 3D-Drucker baue kéint.

Dat ass zanter e puer Méint an den USA nämlech effektiv méiglech, nodeems d’US-Regierung zu Washington hiren Accord ginn hat. 9 Bundesstaaten hunn d’Regierung doropshi verklot, well dat Ganzt eng Gefor fir déi ëffentlech Sécherheet kéint duerstellen. D’Konstruktiounspläng komme vum Cody Wilson, engem Aktivist fir d’Recht op private Waffebesëtz.