KanadaVéier Doudeger bei Schéisserei am Bundesstaat New Brunswick

Bei enger Schéisserei am Oste vu Kanada sinn op d'mannst 4 Mënschen, dorënner 2 Polizisten, ëmkomm. Ee Verdächtege gouf verhaft.

© AFP

Awunner an Zeien, déi an der Géigend vun der Plaz liewen, hunn gesot, datt si e puer Dose Schëss héieren hätten. Ronn eng Stonn, nodeem den Tëschefall public gemaach gouf, huet d'Police matgedeelt, datt een eng verdächteg Persoun verhaft hätt. D'Enquête op der Plaz geet awer nach weider.

De presuméierten Täter soll an der Stad Fredericton véier Leit, dorënner zwee Polizisten erschoss hunn. Direkt, nodeem den Tëschefall gemellt gouf, hat d'Police d'Awunner opgefuerdert, fir an hiren Haiser ze bleiwen.