Wäertverloscht vu WärungTierkei steet ekonomesch schlecht do, USA erhéicht weider Taxen

D'Wärung huet dramatesch u Wäert verluer. Zënter ëm Ufank vum Joer ass et ee Wäertverloscht vun iwwer engem Drëttel.

© AFP

Antëscht appelléiert esouguer de President Erdogan u seng Landsleit, hir Devisen an tierkesch Liren erëm ze tauschen, fir déi national Wärung ze stäipen.

Déi ëmmer méi grouss Influenz vum President Erdogan op d'tierkesch Zentralbank beonrouegt déi international Investisseuren. Derbäi kënnt de Sträit mat Washington, nodeem d'Tierken een amerikanesche Paschtouer wéinst dem Reproche vun Terror-Ënnerstëtzung net aus dem Land loossen.




Als Reaktioun op dës Nouvelle huet den US-President via Twitter matgedeelt, datt een elo d'Taxen op Stol an Aluminium fir d'Tierkei wéilt verduebelen, esou datt se bei Aluminium bei 20 a beim Stol bei 50 Prozent leien, wat e weideren negativen Effekt op déi tierkesch Lyra kéint hunn. Den Donald Trump huet a sengem Post nach präziséiert, datt d'Relatiounen tëscht den USA an der Tierkei aktuell net gutt wieren.

Déi Annonce um Freideg de Mëtteg huet dozou gefouert, datt de Wäert vun der tierkescher Lira nach eng Kéier ëm 19 Prozent gefall ass.