Fluchhafen SeattleMataarbechter klaut Fliger a fält domat erof

D'Police schléisst en Terror-Motiv aus. Vill méi geet een dovunner aus, datt den Täter sech selwer wollt ëmbréngen.

Zu Seattle an den USA, um internationale Fluchhafen Tacoma, ass et e Samschdeg de Moien eiser Zäit zu engem dramateschen Incident komm: E Fliger ass onerlaabt gestart. E Mataarbechter vun enger Fluchgesellschaft hat d'Maschinn gekapert. Allerdéngs koum hien net ganz wäit domadder.

Wéi de Fluchhafen vu Seattle iwwert Twitter schreift, wier d'Maschinn kuerz nom Start an enger Bucht erofgefall. Am Fliger wiere keng Passagéier gewiescht.




Direkt waren zwee F15-Militärfliger an der Loft. Um Crash vun der Maschinn solle si net bedeelegt gewiescht sinn, wéi et heescht.

D'Police schléisst en Terror-Motiv aus. Si geet dovun aus, datt den Täter Suicide wollt maachen. Hie soll den Autoritéiten net bekannt gewiescht sinn.







Beim Fliger, esou d'Gesellschaft Alaska Airlines, huet et sech ëm eng Turboprop-Maschinn vum Typ Bombardier Q400 gehandelt. Si huet der Duechtergesellschaft Horizon Air gehéiert.

Beim gekaperte Fliger huet et sech ëm Turboprop-Maschinn mat zwee Motore vum Typ Bombardier Q400 vun Horizon Air gehandelt. Horizon Air ass eng Duechtergesellschaft vun Alaska Airlines. Hei en Archivbild vun der AFP mat Alaska-Airlines-Maschinnen.© AFP (Archiv)


Um Fluchhafen Tacoma leeft antëschent nees alles normal.