Japan9 Mënsche stierwen, wéi en Helikopter eroffält

Den Helikopter war fir en Trainingsfluch ënnerwee. Iwwer d'Ursaach ass näischt gewosst.

A Japan ass e Freideg e Rettungshelikopter erofgefall. Déi 9 Mënschen u Bord sinn ëm d'Liewe komm, dat hunn d'Autoritéiten e Samschdeg confirméiert.

Den Accident, dee bei engem Trainingsvol geschitt ass, war an der Prefektur Gunma nordwestlech vun Tokio geschitt, an engem Bësch.