Op Kavalkad zu Manchester10 Blesséierter, dorënner 2 Kanner, bei Schéisserei

Wie mat Schroutkugelen op d'Leit geschoss huet, ass nach net kloer. A Liewensgefor schwieft keen, ma eng Persoun gouf méi uerg verwonnt.

© AFP

Während enger Kavalkad zu Manchester goufen an der Nuecht op e Sonndeg 10 Persounen duerch Schëss blesséiert. Wien op d'Leit geschoss huet, ass nach net gekläert, och net wéi eng Waff benotzt gouf.

D'Police sicht nach ëmmer nom Täter.

Néng Persounen, dorënner zwee Kanner, goufe méi liicht verwonnt. Eng 10. Persoun gouf méi uerg un de Been blesséiert. Et géif awer keng Liewensgefor bestoen.

Wéi et schéngt, huet den Täter mat engem Schroutgewier op d'Leit geschoss.

D’Schéisserei war zu engem Moment, wou e karibesche Carnevalscortège grad eriwwer war.