Juncker meets SchwarzeneggerDen EU-Kommissiounspresident trëfft de bekannte Schauspiller

Politesch ass den Arnold Schwarzenegger jo virun allem a senger Positioun als Gouverneur vu Kalifornien bekannt ginn.

© Twitter vum Arnold Schwarzenegger
De Schauspiller an Ex-Politiker Arnold Schwarzenegger huet sech mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker getraff. Dat mellt de gebiertegen Éisträicher selwer op Twitter.




Wéi et weider heescht, hätt een eng fantastesch Entrevue an eng genee sou faszinant Diskussioun gehat. Ënnert anerem goufe Sujete wéi propper Energie oder d'Ekonomie ugeschnidden.

Weider schreift de Schwarzenegger, dass hien sech op eng nächst Diskussioun mam Jean-Claude Juncker freeë géif.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.