Gare zu TréierMann ënner Zuch geroden an déidlech blesséiert ginn

E Méindeg de Moien ass géint 8 Auer zu Tréier op der Gare e Mann vun engem Zuch iwwerrannt ginn an déidlech blesséiert ginn.

Beim Affer handelt et sech ëm een 31 Joer ale Mann vu Konz.  D'Police geet den Ament dovunner aus, datt d'Accident ouni Friemawierkung geschitt ass.