Verspéidungen an AnnulatiounenWeidere Streik bei Ryanair vun e Mëttwoch un

Nieft de Pilote sollen och d'Stewardesse vu Ryanair fir 24 Stonne streiken. D'Airline reagéiert an dreet domat, Plazen ofzebauen.

Wéi déi däitsch Pilotevereenegung Cockpit an d'Gewerkschaft ver.di e Méindeg den Owend annoncéiert hunn, wieren d'Pilote vun der Bëllegfluchgesellschaft Ryanair dozou opgeruff ginn, hir Aarbecht néierzeleeën, genau esou och Stewardessen.

Betraff sinn 12 däitsch Fluchhäfen, op deenen d'Bëllegfluchgesellschaft stationéiert ass.

Wéi et vu Ryanair heescht, goufen 150 vu 400 geplangte Volle gestrach. All déi betraffe Passagéier goufen informéiert.

D'Pilote fuerderen zanter Méint besser Aarbechtskonditiounen an ee méi héije Salaire. Ma um Verhandlungsdësch mat Ryanair wier een net weiderkomm. D'Gewerkschaft ver.di schwätzt vun enger inakzeptabeler Propos, déi Ryanair bis ewell an den Negociatioune gemaach hätt.

Ryanair huet reagéiert an ugedeit, datt ee Plazen an Däitschland ofbaue géif, wann nach weider gestreikt géif ginn. Esou Aktioune géifen nämlech dozou féieren, datt Standuerter gestrach a Plaze reduzéiert ginn, esou Ryanair.