USAPreparatiounen op dee schlëmmsten Hurrikan zanter Joren

Den Hurrikan Florence un der amerikanescher Ostküst, ass sech am Gaangen zu enger déidlecher Gefor ze entwéckelen.

© afp

Mat grouss ugeluechten Aktiounen ass sech di betraffe Regioun an den USA am Gaangen op d'Arrivée vun dem wuel schlëmmste Stuerm zanter Joerzéngten ze preparéieren.

D'Florence soll déi nächst Nuecht oder e Freideg de Moie Lokalzäit mat Wandvitesse vun iwwer 200 Kilometer an der Stonn op d'Küst vun de Bundesstaaten North Carolina oder South Carolina treffen. Fir d'Leit an deene betraffene Staaten bedeit dat no Donnéeë vum Nationalen Hurrikan-Zentrum Liewensgefor.

Amerikanesch Medie vergläichen den Hurrikan elo scho mat Stierm wéi dem "Katrina" am Joer 2005, dee grousse Schued an de Südstaaten hannerlooss hat.



Déi national Katastropheschutzautoritéite souwéi d'Arméi schaffe ronderëm d'Auer, fir sech op dat Schlëmmst anzestellen. Et kéint zu Rekord-Iwwerschwemmunge kommen. Et wäert ee Stuerm ginn, un deen een sech wäert erënneren, sou de Chef vum Nationalen Hurrikan-Zenter. Et géif een hoffen, dass keen ëm d'Liewe kënnt.

De Meteorologen war et bis e Mëttwoch den Owend net gelongen, déi genee Route vum Hurrikan exakt ze bestëmmen. No deene verschiddene Rechemodeller kéint den Hurrikan nieft Honnertdausende vu Wunnengen, sechs Atomreakteren an eng sëllechen Deponien, wou speziellen Offall gelagert ass, treffen.

© AFP


Déi zoustänneg Autoritéiten souwéi den US President Donald Trump hunn d'Awunner e Mëttwoch nach eemol opgefuerdert hir Haiser ze verloossen. Och eng sëllechen Déieren hu mussen a Sécherheet bruecht ginn, dorënner Waasserschildkröten an d'Päerd an den Outerbanks virun North Carolina, eng weltbekannten Touristenattraktioun.

Photos et vidéos: Bagarres, bouchons, animaux abandonnés: l'ouragan Florence sème la panique