Sträit wéinst InselPutin offréiert Japan e Friddensaccord ouni weider Konditiounen

Zanter dem Enn vum 2. Weltkrich streide béid Länner ëm d'Inselgrupp vun de Kurilen, déi vun der Sowjetunioun occupéiert gouf.

© AFP (Archiv)
De russesche President Putin huet Japan e Friddensaccord offréiert, den net soll u Konditioune gebonne sinn. Bis d'Enn vum Joer soll sou en Accord ofgeschloss ginn. Och déi Ausso huet de Putin e Mëttwoch am Kader vum Wirtschaftsforum gemaach, bei deem och de japanesche Premier Shinzo Abe deelhëlt. Béid Länner hunn zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich Sträit ëm d'Inselgrupp vun de Kurilen, déi zanter dem Enn vum Krich vun der Sowjetunioun occupéiert gëtt.