Hurrikan FlorenceIwwerschwemmungen un der Ostküst, Stäerkt hëlt awer of

Den Hurrikan Florence ass op déi US-Amerikanesch Ost-Küst getraff an ass glécklecherweis am Gaangen u Kraaft ze verléieren.

Virdrun goufen Wand-Vitessen vun ëm 150 Stonnekilometer gemooss, begleet vu massivem Reen. Mëttlerweil soll d'Kraaft vum Stuerm "Florence" awer massiv noloossen.

D’Situatioun wäert sech an den nächste Stonnen nach dramatesch verschlechteren, hunn d'Meteorologen ufanks gewarnt. De Stuerm beweegt sech nämlech extrem lues virun, firwat déi héich Wandvitessen a ville Regiounen ganz laang wäerten unhalen.



Op den Outer Banks am North Carolina ginn et schonn éischt Iwwerschwemmungen an och de Stroum ass ausgefall.










Den Hurrikan Florence, vun der ISS aus fotograféiert.


Op Nofro hi vun de Kollege vum RTL 5minutes, huet den Ausseministère bestätegt, dass an de betraffene Regiounen eng 75 Lëtzebuerger wunnen. Bis en Donneschdeg den Owend hat kee vun hinne sech bei der Ambassade gemellt, fir sech z'informéieren oder Hëllef unzefroen.

Tankstell Stuerm


Wéi et mëttlerweil heescht, hätt de Stuerm awer massiv u Stäerkt verluer, zënter deem en op Land gestouss ass. Wéi et heescht dierft dësen Trend och unhalen, sou dass maximal mat vill Reen an eventuell Iwwerschwemmunge gerechent gëtt.

Ouragan Florence: des Luxembourgeois vivent dans les zones à risque