HollandWollte russesch Spiounen e Laboratoire ausspionéieren?

2 russesch Spioune solle schonn am Fréijoer an Holland festgeholl gi sinn, wéi si sech op de Wee an ee Schwäizer Chemieslabo wollte maachen.

Dat mellen hollännesch a Schwäizer Zeitungen.

Do ginn net nëmme Prouwe vu méigleche Gëftgasattacken a Syrien analyséiert, mä och d'Echantillone vun der Attack mat Nowitschok op den Duebelagent Skripal a seng Duechter ënnersicht.

D'Zeitunge beruffe sech op anonym Sourcen, déi erklären, datt béid Männer wahrscheinlech de Labo zu Spiez wollten ausspionéieren.

De Schwäizer Geheimdéngscht huet annoncéiert, datt hinnen de Fall bekannt wier, datt een zesumme mat den hollänneschen a britesche Partner hei eng illegal Aktioun hätt kéinte verhënneren.