Verschwörung zum BedruchPaul Manafort bekënnt sech schëlleg a wëll géint Trump aussoen

De fréiere Wahlkampfmanager vum Donald Trump Paul Manafort huet sech der Verschwörung zum Bedruch vun den USA schëlleg bekannt.

© afp
Dobäi kënnt, dass hien an der sougenannter Russland-Affär aussoe wëll. Et geet ëm eng méiglech illegal Zesummenaarbecht tëscht dem Trump sengem Walkampfteam a Moskau op Käschte vun der demokratescher Kandidatin Hillary Clinton.

De Manafort ass bereet, mam Spezial-Enquêteur Muller zesummen ze schaffen. Eppes, wat dem Donald Trump mat Sécherheet net schmaachen dierft a wäert.