Matten a Mexiko-City3 Leit vu Mariachi-Museker erschoss

Zu Mexiko-City sinn op enger beléifter Plaz matten am Zentrum vun der Stad 3 Mënschen erschoss ginn. D'Täter hate sech als Mariachi-Museker verkleet.

Si hunn 3 Persounen ëmbruecht an der 7 blesséiert.

Op der bekannter Plaz op där traditionell Mariachi-Musek gespillt gëtt, ware wéinst den Onofhängegkeetsfeierlechkeeten a Mexiko e Freideg apaart vill Leit ënnerwee.

Den Hannergrond ass nach onkloer.

D'Täter konnte sech op Motorrieder dervu maachen.