VIDEO: Hambacher Forst bei KerpenDausende Leit demonstréieren géint d'Ofholze vum Bësch

D'Police schwätzt vu méi wéi 2.000 Demonstranten déi géint déi geplangten Ofholzung deels a Bamhaiser op der Plaz wunne géifen.

Wéi d'Police e Sonndeg matdeelt, wieren 9 Aktiviste beim Policeasaz blesséiert ginn, 34 Persoune goufe festgeholl, dat beim Versuch d'Demonstranten aus de Bamhaiser op der Plaz ze evakuéieren.

Hambacher Forst (16.09.2018)
Biller vum Lynn Kayser


Bei dëser Demo geet et jo géint d'Ausbreede vun enger Kueleminn a fir d'Erhale vum Bësch vun Hambach.

Foto vun Uewen

Ronn 4.000 Poliziste waren zäitweis op der Plaz fir ronn 60 Bamhaiser ofzerappen, verschidde Bamhütten hänken op enger Héicht vu 25 Meter, wou dacks Dozente Mënschen dra liewen. Eng 18 Bamhaiser goufen zanter en Donneschdeg ofgerappt. Nodeems schonn an de leschten Deeg vill Leit op d'Plaz komm waren, fir ze demonstréieren, hu sech um Sonndeg e puer Dausend Leit getraff. 

Bamhaus


Zënter leschter Woch stéisst d'Police jo hei op e gréissere Widderstand, e Widderstand dee mat der klammender Zuel vun Aktivisten ëmmer méi grouss schéngt ze ginn. De Bësch zu Hambach läit jo no un der Grenz mat der Belsch an Holland.

Police


2012 huet dëst d'Besetze vum Bësch ugefaangen a gouf zënterhier vun den Autoritéiten toleréiert. Majo elo soll awer alles ganz séier goen, dat well RWE d'Kueleminn vergréissere wëll, iwwregens eng vun de gréisste Kueleminnen a ganz Europa.

Mëtt Oktober soll d'Halschent vun de ronn 200 Hektar Bësch, déi nom enormen Ofholzen an de leschte Joren nach iwwreg bliwwe sinn, ofgeholzt ginn. Vu dass RWE Proprietär vum Bësch zu Hambach ass, dierf d'Entreprise dëst och legal maachen. Vir den Energie-Bedarf an Nordrhein-Westfalen ze garantéieren, misst d'Minn vergréissert ginn.



Weider Detailer ginn et och bei de Kollegen vun RTL Today.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.