Dramateschen Accident an HollandZuch krut Vëlo mat Käerchen ze paken - 4 Kanner dout

Zu Oss an Holland si 4 Kanner gestuerwen an zwou Persoune blesséiert ginn, wéi e Vëlo mat enger Käerchen ënnert en Zuch komm ass.

© 112niewusonline.nl

An där Käerche souzen d'Kanner. En anert Kand an eng Fra goufe schwéier blesséiert. D'Ongléck war zu Oss bei Nimwegen. D'Affer hunn tëscht 4 an 11 Joer. Se waren um Wee an d'Schoul.

Den Accident ass an der Géigend vun der Gare op der Héicht vun enger Barrière geschitt.