Verspriechen zeréckgezunnGrënner vun Alibaba dréint Trump de Réck

Hien hat dem US-President 1 Millioun Aarbechtsplaze versprach. Elo huet de Grënner vun der chinesescher Entreprise Alibaba säi Verspriechen zeréckgezunn.

© afp
Hannergrond ass den aktuellen Handelssträit mat Washington. Dës Woch hat den Donald Trump annoncéiert, datt vun nächste Méindeg un zousätzlech Stroftaxen an Héicht vun 200 Milliarden Dollar gëlle sollen.

Dem räichste Mann a China no wier den Deal u verschidde Konditioune gekneppt, wéi zum Beispill eng frëndschaftlech Zesummenaarbecht tëscht China an den USA. Dat wier zu dësem Zäitpunkt awer net garantéiert.