Zuch zu Uckange (F) entgleistProblemer och am Lëtzebuerger Zuchreseau

An der Nuecht op e Freideg ass op der Streck Metz-Lëtzebuerg, méi genee zu Uckange, e Gidderzuch entgleist. Dat hat och Auswierkungen op Lëtzebuerg.

© Pierre Heckler/ Républicain Lorrain
Um ganze Schinnennetz zu Lëtzebuerg war e Freideg de Moie mat Verspéidungen an Annulatiounen ze rechnen.

Zum Incident war et schonn en Donneschdeg den Owend spéit, kuerz virun Hallefnuecht, komm. Datt en net méi fréi matgedeeelt gouf, huet en SNCF-Responsabel der Redaktioun vu 5minutes.lu doduerch erkläert, datt een am Ufank dovun ausgaangen war, dat Ganzt hätt keen Impakt op de Persounentrafic. Et hätt een de Stroum vun där Linn geholl an doduerch wier et dunn um fréie Moien, wéi d'Persounenzich ugefaangen hunn ze fueren, zu Problemer gefouert.

Wéi et zu deem Accident komme konnt, ass nach net gewosst, dofir weess een awer antëscht, wat genee geschitt ass: "Il y a eu ce qu'on appelle un bi-voie. C'est lorsque des wagons empruntent deux voies différentes. Le train a percuté une locomotive et un poteau caténaire qu'il a fallu réparer."

Den accidentéierten Zuch ass iwwregens vun der Sibelit, dat ass e Konsortium vun den CFL, der SNCF an der STIB, dee säi Siège zu Lëtzebuerg huet.

Bis e Sonndeg den Owend dierft nach op der Plaz vum Accident geschafft ginn. Vun den zwee Gleiser tëscht Diddenuewen a Metz ass aktuell just eent op.