Erdogan an Däitschland erwaartDemonstratiounen ënner anerem zu Berlin, Köln an Hamburg geplangt

Knapp eng Woch virum Staatsbesuch vum tierkesche President an Däitschland sollen e Samschdeg an e puer Stied Géigner vu senger Politik op d'Strooss goen.

© AFP
Demonstratioune goufen ënnert anerem zu Berlin, Köln, Hamburg, Düsseldorf a Stuttgart annoncéiert. Den Erdogan kënnt en Donneschdeg den Owend zu Berlin un an reest samschdes da weider op Köln.