Kuerz virun EntloossungKreml-Kritiker Alexej nach am Couloir vum Prisong verhaft

Kuerz nodeems e sollt aus dem Prisong fräi kommen, ass den Kreml-Kritiker Alexej Nawalny nees verhaft ginn.

© AFP

Nach am Couloir vum Prisong, wou hien 30 Deeg laang souz, ass den Alexej Nawalny verhaft ginn. Hie muss wéinst dem Opruff zum Protest fir 20 Deeg an de Prisong. Dat huet dem Nawalny seng Spriecherin e Méindegowend op Twitter bekannt ginn.

Den Oppositiounspolitiker hat an de leschte Méint e puer mol zu Protester géint déi onpopulär Rentereform vun der Regierung opgeruff. De Mann souz an de leschte Joren am ganzen 172 Deeg am Prisong. Hie geheit der Regierung vir hie wëlle politesch ze intimidéieren.