Speyer / HeidelbergKollisioun tëscht Reesbus a Camion - 9 Blesséierter

Op d'mannst 9 schwéier Blesséierter, dat ass de Bilan no enger Kollisioun tëscht engem Reesbus an engem Camion an der Géigend vun Heidelberg.

Eng ganz Partie Leit goufe liicht verwonnt. De Bus mat iwwer 30 Passagéier u Bord war op enger Landstrooss zu Speyer, un der Grenz tëscht Baden-Württemberg a Rheinland-Pfalz ënnerwee, wéi d'Accident geschitt ass. Ënnert den Affer waren Touristen aus den USA, Kanada an Australien. De Bus war aus bis ewell ongekläerter Ursaach op d'Géigespur geroden an ass du frontal an de Camion gerannt.