Landesgericht zu Tréier"Lëtzebuerger" Anästhesist muss sech veräntweren

De Mann vu 66 Joer soll bei op d'mannst 51 Operatiounen d'Patienten ageschlof hunn, obwuel hie keng Approbatioun hat.

D'Faite ginn op de Juni a Juli 2013 zeréck. De Mann huet deemools am Spidol zu Saarburg geschafft.

Dee fréieren Anästhesist hat seng Approbatioun ewech geholl krut, nodeems hien 2005 wéinst Bedruch veruerteelt gi war. 2012 koum dunn eraus, dass hie wéinst sexueller Belästegung, zwee Joer virdrun, zu engem Joer Prisong op Sursis condamnéiert gi war.

De Parquet huet e Mëttwoch festgehalen, dass hien deemno zanter 2013 wousst, dass hien net méi als Dokter huet duerfe praktizéieren. Genee dat streit de Mann awer of. De Prozess soll bis Mëtt Dezember daueren.

En Donneschdeg huet de Lëtzebuerger Cercle vun den Anästhesisten op des Nouvelle reagéiert. Wéi et heescht, géif et sech ëm en Dokter mat auslänneschen Originnen handelen, deen de Lëtzebuerger Pass huet. Hien hätt awer ni a senger Funktioun als Anästhesist hei am Land geschafft an hätt och ni op der Lëscht vun den Doktere vum Collège Médical gestanen. Wéi et weider am Communiqué heescht, hätt de Mann och ni eng Autorisatioun vum Gesondheetsministère krut, fir hei am Land an engem Spidol ze schaffen. De Cercle vun den Anästhesisten stellt a sengem Schreiwes kloer, dass Patienten déi an engem Lëtzebuerger Spidol hospitaliséiert waren, zu kengem Ament mat betraffenen Dokter a Kontakt komm sinn.

PDF: De Communique vum CMARL