ItalienMoody’s setzt Kreditwierdegkeet vu Baa2 op Baa3 erof

Wéinst der geplangter Neiverschëldung vun der italienescher Regierung, huet déi US-amerikanesch Rating-Agence e Freideg d’Kreditwierdegkeet erofgesat.

© AFP
Moody’s huet d'Kreditwierdegkeet vun Italien vum Niveau Baa2 op Baa3 erofgesat. Dono kënnt just nach Ramsch-Niveau.

Déi US-amerikanesch Rating-Agence begrënnt hir Decisioun dermat, dass d’Finanzkraaft vun Italien massiv geschwächt gouf, an huet op den héije Budgetsdefizit verwisen, an dass d’Staatsverschëldung nach ëmmer bei 130% vum PIB géif leien, obwuel annoncéiert gi war, dass sech dat soll verbesseren.

E Méindeg war de ganz ëmstriddene Budgetsprojet am Parlament gutt geheescht ginn, de fir 2019 nees en Defizit virgesäit, vun 2,4%.