Nom Doud vum Jamal KhashoggiEU fuerdert komplett Analys a Kanada fënnt Erklärung net kredibel

Am Fall ronderëm den Doud vum saudesche Journalist Jamal Khashoggi ginn et ëmmer méi Stëmmen, déi déi offiziell Versioun net gleewen.

© AFP

D’EU huet mam Federica Mogherini dofir eng komplett Analys gefuerdert, wat genee geschitt ass, an der Famill vum Khashoggi hiert Matgefill ausgeschwat. D’EU géif fir Pressefräiheet an de Schutz vu Journalisten op der ganzer Welt stoen.

Kanada bezitt méi eng radikal Positioun a gleeft der saudiarabescher Versioun, vun deem wat virgefall soll sinn, net. D'Explikatioune wiere weder credibel, nach kohärent, sot d’Ausseministesch Chrystia Freeland e Samschdeg den Owend.

Saudi-Arabien hat an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg zouginn, dass de Khashoggi dout wier. Eng Kläpperei soll dem saudiarabesche Parquet no zum Doud vum Journalist gefouert hunn. Des Erklärung ass allerdéngs weltwäit op eng gewësse Skepsis gestouss.

RTL-NEWS: "Déidleche Sträit": Saudi-Arabien gëtt zou, de Jamal Khashoggi doutgemaach ze hunn

© AFP


Iwwerdeems huet sech den EU-Kommissär Günther Oettinger géint ee komplette Stopp vu Waffenexporter u Saudiarabien ausgeschwat. Et kéinte wuel Decisiounen iwwer verschidden Exporter zeréckgestallt ginn. Eng definitiv Decisioun sollt awer eréischt da geholl ginn, wann de Mord komplett opgekläert ass, respektiv Saudiarabien d'Affär wéilt vertuschen, sou de Günther Oettinger an engem Interview mat den Zeitunge vun der Funke Mediengruppe. Fir d'éischt misst de geneeën Oflaf vum Verbriechen gekläert ginn. Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel huet sech fir ee virleefege Stopp vu Waffenexporter u Saudiarabien ausgeschwat.