FOTOEN - Lëtzebuerger Archeolog am IrakGenerateur fir Schoul zu Mossul mat Lëtzebuerger Hëllef

Virun zwou Wochen war op RTL Télé Lëtzebuerg ee Reportage iwwert ee Lëtzebuerger Archeolog, deen zu Mossul den Ament ass.

RTL NEWS: FOTOEN a VIDEO - Lëtzebuerger Archeolog am Irak- Ënnerierdeschen Tunnel-System entdeckt

Nieft senger Aarbecht fir d’Universitéit Heidelberg huet de Juan Aguilar och ee ganz perséinleche Projet lancéiert. Eng Schoul, déi vun Aschoss-Lächer duerch de Krich am Irak zerstéiert gouf, gouf während fënnef Méint renovéiert. Eng 800 Kanner ginn hei an d’Schoul. De Lëtzebuerger hat Sue gesammelt, fir een elektresche Generateur ze finanzéieren.

Mëttlerweil si genuch Suen zesummekomm, de Generateur gouf geliwwert. A wéi een op de Fotoe gesäit, seet d’Schoul de Leit Merci, déi gespent hunn.


Opruff vun RTL
Uechtert d'ganz Welt si Lëtzebuerger Studenten, Doktoranden a Fuerscher ënnerwee. Op d'E-Mail-Adress fuerscher@rtl.lu kënnt Dir eis gär interessant a spannend Projete schécken, déi mir dann eventuell och emol op der Tëlee an/oder op RTL.lu presentéiere kënnen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.