"Momo-Challenge"13 Joer ale Jong vu Bertrix gestuerwen

Zu Bertrix an der belscher Province de Luxembourg hat sech en Teenager d'lescht Woch en Dënschdeg bei sech doheem erhaangen.

De Jugendlechen huet, wéi et ausgesäit, beim sougenannte "Momo Challenge" matgemaach. Et handelt sech hei ëm e ganz morbid Spill, e geféierleche Phänomen op de sozialen Netzwierker, duerch dee schonn eng Rei Jonker op der Welt an de Suicide gedriwwe goufen.

De Parquet aus der Province de Luxembourg enquêtéiert, fir déi genee Ëmstänn erauszefannen.

De Jonke vu Bertrix louch e puer Deeg laang am Koma, huet tëscht Liewen an Doud geschwieft.

E Méindeg de Moie koum déi traureg Nouvelle, vun der belscher Sudpresse, datt de Jong net iwwerlieft huet, en ass am Spidol zu Léck gestuerwen.

Virun zwou Wochen eréischt hat e Jugendlechen a Frankräich sech wéinst dem "Momo Challenge" d'Liewe geholl.

Wat ass de "Momo Challenge" iwwerhaapt?

Et ginn haaptsächlech Kanner vun enger grujeleger Gestalt ugeschriwwen, déi sech Momo nennt. Et gëtt een opgefuerdert, verschidden Aufgaben ze bewältegen an déi lescht Aufgab ass souguer en Opruff zum Suicide.

Et erënnert staark un de sougenannte Blue-Whale-Challenge, dee virun engem Joer jonk Leit uechtert d'Welt d'Liewe kascht huet.

Och de Momo-Challenge gëtt haaptsächlech a Form vun engem Kettebréif iwwer Chat-Reseaue wéi Whatsapp & Facebook verbreet. Et gëtt een opgefuerdert, eng japanesch Nummer ze adden. Duerno kritt ee Menacen a brutal Biller geschéckt, mam Zil, haaptsächlech Kanner fäerten ze doen an ofhängeg ze maachen.

D'Momo schéckt engem zousätzlech Aufgaben, déi ënner anerem doraus bestinn, sech selwer wéi ze doen. Dee 50. Challenge fuerdert een dozou op, sech d’Liewen ze huelen.

Och zu Lëtzebuerg ass de Phenomen "Momo Challenge" schonn opgedaucht.

RTL NEWS: Geféierleche Momo-Challenge och zu Lëtzebuerg ukomm