FrankräichAttentat op Macron verhënnert, Täter ënner anerem aus der Moselle

6 presuméiert Terroriste goufe bei eisen Nopere festgeholl.

© AFP (Archiv)

Franséisch Medien mellen, dass am Hexagon 6 presuméiert Terroristen, déi aus dem extrem-rietse Milieu kommen, festgeholl goufen. Se hätten een Attentat op de President Macron wëlles gehat.

Déi 6 Persounen, 5 Männer an eng Fra am Alter tëscht 22 an 62 Joer, kéimen aus 3 verschiddene franséische Géigenden, dorënner hei vir aus der Moselle, an hir Pläng wieren nach an engem fréie Stadium gewiescht.