USAJustizminister Jeff Sessions muss goen

Nëmmen een Dag no de Kongresswalen, huet den US-President Trump ee vu senge Regierungsmember eliminéiert.

Déi Kéier huet et de Justizminister Jeff Sessions getraff, dee säin Hutt muss huelen. Hie géif dem Sessions fir seng Aarbecht Merci soen an ëm alles Gutts wënschen, sou den Trump op Twitter. Et war schonn zanter méi laangem domat gerechent ginn, dass den Donald Trump verschidde Regierungsmember géif austauschen, virop de Justizminister, mat deem den US-President bekanntlech seng Problemer hat. Um Donald Trump säi Wonsch hin, géif hien zerécktrieden, sou de Jeff Sessions an enger Deklaratioun.




Nodeems de Mann entlooss gouf, hunn d'Demokrate virdru gewarnt, dass d'Russland-Enquête doduerch net dierft beaflosst ginn. Den US-President hat de Justizminister vu bis elo zanter iwwert engem Joer ëmmer nees wéinst där Enquête ëffentlech attackéiert.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.