VIDEO: Eclat wärend PressekonferenzCNN-Reporter krut Accreditatioun vum Wäissen Haus ewechgeholl

D'Resultater vun de Wale ware knapps public e Mëttwoch a scho war den Donald Trump nees an alle Medie Sujet Nummer 1.

Trump vs. CNN: Eclat wärend Pressekonferenz (08.11.2018)
D'Resultater vun de Wale ware knapps public e Mëttwoch a scho war den Donald Trump nees an alle Medie Sujet Nummer 1.
Fir d'éischt duerch d'Entloosse vu sengem Justizminister an dunn duerch eng verbal Ausenanersetzung mat engem Journalist vu CNN op enger Pressekonferenz. Kritesch Froe stellen, dat geet natierlech guer net.

Et geet riicht weider wéi virdrun, mat nach verschäerfter Aggressivitéit am Wäissen Haus no de Kongresswalen an den USA.

Den entloossene Justizminister Jeff Sessions huet den Donald Trump duerch de Matthew Whitaker ersat. De Whitaker iwwerhëlt elo vum Vize-Justizminister Rod Rosenstein d’Iwwersiicht iwwert d’Enquête vum Robert Mueller am Kontext vun de Verbindunge vum Wäissen Haus mat Moskau an der russescher Manipulatioun vun de leschte Presidentschaftswalen.

De Rod Rosenstein ass domat den Dossier lass. En hat e just well säi "Chef" Jeff Sessions sech befaangen erkläert hat. De Matthew Whitaker huet dacks ëffentlech d’Mueller-Enquête kritiséiert. D’Demokrate ginn dovun aus, dass e se plangt ze stoppen. Domat wier den Donald Trump kenger Kontroll méi ausgesat. An et gëtt fir seng Kritiker ëmmer méi däitlech, dass en eppes ze verstoppen huet.

No engem Eclat wärend enger Pressekonferenz vum US-President huet d'Wäisst Haus dem concernéierte Reporter seng Accreditatioun bis op Weideres ewechgeholl.

Dat huet dem Donald Trump seng Porte Parole, Sarah Sanders e Mëttwoch den Owend bekannt ginn. Den US-President war virun de Kameraen an en heftege Sträit mam Jim Acosta vu CNN geroden. Hie wier eng fuerchtbar, onverschimmte Persoun, sou den Donald Trump un d'Adress vum Journalist. Nodeems dësen enger Mataarbechterin vum Wäissen Haus de Mikro aus der Hand gerappt hat a refuséiert huet zeréckzeginn, krut hie seng Accreditatioun als Reporter vum Wäissen Haus entzunn.



Och wann den Donald Trump un eng fräi Presse géif gleewen an och schwiereg Froen iwwert sech a seng Regierung begréisst, wier sou e Verhalen géintiwwer enger jonker Mataarbechterin net ze toleréieren, heescht et vum Wäissen Haus.

Den Jim Acosta hat am Kontext vun der Russland-Enquête Froe gestallt. Den Donald Trump huet dem Reporter doropshin virgeheit sougenannte Fake News an d'Welt ze setzen an e Feind vum Vollek ze sinn. CNN misst sech schummen, e Mënsch wéi hien ze beschäftegen. Den amerikaneschen Noriichtesender huet d'Aussoe vum US-President schaarf veruerteelt. Hie wier déi Kéier däitlech ze wäit gaangen, heescht et am Statement vun CNN.

Reaktioun vum Jim Acosta virum Wäissen Haus


Fir den amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg kënnt dës Ausernanersetzung net vun ongeféier. Dem Journalist wier et nämlech manner ëm d’News gaangen, wéi vill méi ëm seng Persoun.

Den Amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg



Journaliste misste ganz kloer Fakten checken, mee sech net an de Mëttelpunkt stellen, si selwer wieren nämlech net d'News, esou de Randolph J Evans.