Trump-Stär zerstéiertUgeklote krut een Dag Prisong, eng Geldstrof a Sozialaarbecht

Een Dag Prisong, eng Geldstrof vun ëmgerechent ronn 8.000 Euro an 20 Deeg Sozialaarbecht, sou d'Uerteel fir dee Mann, deen den Trump-Stär zerstéiert hat.

© Archivbild

De 24 Joer ale Mann hat dem US-President Trump säi Stär um "Walk of Fame" a Kalifornien muttwëlleg zerstéiert hat. Donieft muss dee jonke Mann eng Therapie suivéieren.

Hien hat de 25. Juli zejoert de Stär vum Donald Trump um bekannten Hollywood-Boulevard mat enger Piosch zerstéiert. Kuerz dono huet hien sech der Police gestallt.