VIDEO: Um 9. November80. Gedenkdag vun der Reichspogromnacht

An der Nuecht vum 9. op den 10. November 1938 goufen a verschiddene Länner Dausende vu Judden mësshandelt, verhaft oder ëmbruecht.

80. Gedenkdag vun der Reichspogromnacht (09.11.2018)
An der Nuecht vum 9. op den 10. November 1938 goufen a verschiddene Länner Dausende vu Judden mësshandelt, verhaft oder ëmbruecht.

Reichskristallnacht a Mauerfall / Reportage Pit Everling



Offiziellen Donnéeën no koumen 91 Persounen ëm d'Liewen. An den Deeg dono goufe weider 400 Mënschen ëmbruecht. Iwwer 1.400 Synagogen, Dausende vu Geschäfter a jüddesch Kierfechter goufen zerstéiert.

A ganz Däitschland, awer och an Éisträich an an der Tschechoslowakei goufe jüddesch Haiser a Synagogen ofgebrannt. Un der Aktioun waren och Membere vun der Hitlerjugend a weideren NS-Organisatioune bedeelegt. D'Suitte waren dramatesch. Ongeféier 30.000 jüddesch Männer a Jugendlecher goufen an d'Konzentratiounslager vu Buchenwald, Dachau a Sachsenhausen verschleeft. Vill vun hinnen hunn net iwwerlieft. No der Pogromnacht goufe bal all jüddesch Organisatiounen opgeléist an déi jüddesch Protester verbueden. Et war den Optakt vum Holocaust.

Och Lëtzebuerg blouf net verschount. Am Kader vum Gedenkdag, weit de Premier Xavier Bettel an der Ënneschtgaass an der Stad eng Gedenk-Plack un der Fassad vum haitegen Educatiounsministère an. Op där Plaz, wou haut de Ministère steet, ass virun 77 Joer nämlech déi Stater Synagog vun de Nazien ewechgerappt ginn. Bis op zwee Kierfechter, gouf et dono deemools an der Stad keng siichtbar Spure méi op eng jiddesch Präsenz an der Stad.

A ganz Däitschland sinn e Freideg eng ganz Partie Gedenkzeremonien. Zu Berlin ass an deem Kontext den Optakt vun de bundeswäiten Aktiounswoche géint Antisemitismus. An den nächste Woche sinn an deem Kader iwwer 150 Evenementer geplangt.

En Donneschdeg scho gouf zu Berlin un d'Affer vun der Reichspogromnacht vu virun 80 Joer erënnert. Den däitschen Ausseminister Heiko Maas huet am Virfeld drop higewisen, dass misst verhënnert ginn, dass Antisemitismus, Rassismus an Nationalismus nees opkommen. Och déi zwou grouss Kierchen an Däitschland huelen dësen Dag als Ulass, fir all Form vun Antisemitismus ze kritiséieren. Et dierft een net ewechkucken, wa Judden, a wéi enger Form och ëmmer, attackéiert ginn, sou de Chef vun der Däitscher Bëschofskonferenz de Kardinol Reinhard Marx. Et misst ee sech dofir schummen, dass deemools vill Leit, déi meescht dovu Chrëschten, ewechgekuckt an näischt ënnerholl hunn.

Ëmmer méi Neonazien
An Däitschland ginn ëmmer méi Leit bei Demonstratioune vun Neonazie mat. Vu Januar bis Enn September si gutt 15.200 Leit fir rietsextrem Demonstratiounen op d'Stroosse gaangen. Dat mellt d'Funke-Mediengruppe a berifft sech op d'Äntwert vun enger parlamentarescher Fro vun deene Lénken am Bundestag. Dat waren 4.000 Leit méi wéi am ganze Joer 2017.

Eleng am drëtten Trimester vu Juli bis September hunn iwwer 7.600 Neonazien un 23 rietsextremen Protester deelgeholl. Dat Joer virdrun war et knapp d'Halschent.