Successioun CDU-ParteipresidentinÉischten Optrëtt vun den 3 Kandidate mat meeschte Chancen

Ee Mount virum Parteidag zu Hamburg, presentéiere sech e Freideg déi dräi Kandidate mat de meeschte Chancen eng éischte Kéier zesummen.

D'CDU-Generalsekretärin Annegret Kramp-Karrenbauer, de fréieren Uniouns-Fraktiounschef Friederich Merz an de Gesondheetsminister Jens Spahn hunn e Freideg en Optrëtt virun der Fraen-Unioun zu Berlin. Fir déi fréier saarlännesch Ministerpresidentin ass et een Heemspill. D'Organisatioun vun den CDU-Fraen huet sech schonn méi oder wéineger fir d'Annegret Kramp-Karrenbauer ausgeschwat. D'Regionalkonferenzen op deenen sech d'Kandidaten der Basis presentéieren sollen d'nächst Woch ufänken.

Annegret Kramp-Karrenbauer läit vir
D'CDU Generalsekretärin soll den Ament d'Nues vir hunn. Dat geet aus engem rezente Sondage vum ZDF ervir. Hei positionéiert sech d'Annegret Kramp-Karrenbauer knapp virun hirem Kontrahent Friederich Merz. De Jens Spahn kéim ofgeschloen op déi drëtt Plaz. Bei 31% vun all de Befroten, souwéi 35% vun de Sympathisante vun den Uniounsparteien kënnt d'Generalsekretärin op déi éischt Plaz. De Friederich Merz kéim op 25 respektiv 33% an de Jens Spahn op 14 respektiv 23%.

Support kritt d'Annegret Kramp-Karrenbauer vum fréieren däitschen Aarbechtsminister Norbert Blüm. Den CDU-Politiker sot an engem Radiosinterview, dass hie fir déi aktuell Generalsekretärin ass. De Friederich Merz géif der Wirtschaft ze no stoen, seet den Norbert Blüm. Wat de Gesondheetsminister Jens Spahn betrëtt, huet de fréieren Aarbechtsminister ënnert dem Kanzler Helmut Kohl betount, dass ee sech fir d'éischt wärend e puer Joer op engem héije Staatsposte sollt beweisen.

Déi nei Moud, déi op ëmmer méi jonk setzt, géif hien net matmaachen, sou nach den haut 83 Joer ale Politiker. Hien huet den Appell un all d'Landesverbänn gemaach, sech fir ee Kandidat auszeschwätzen. Dass d'Angela Merkel net méi kandidéiert, bedauert den Norbert Blüm. Hien hätt hir dat net geroden, hie géif mengen, dass ee si nach gebraucht hätt.