Ukrain-KonfliktWeider US-Sanktioune géint Russland verhaangen

Wéinst dem Ukrain-Konflikt hunn d'USA weider Sanktioune géint Russland verhaangen.

© AFP Archivbild

D'Strofmesure riichte sech géint dräi Eenzelpersounen, souwéi néng Organisatiounen an Entreprisen. Dat huet de Finanzministère zu Washington bekannt ginn. Hinne gëtt reprochéiert, iwwert de Wee vu private Geschäfter, déi russesch Interventioun op der ukrainescher Hallefinsel Krim virun ze dreiwen, respektiv fir Mënscherechtsverletzungen an der Ostukrain responsabel ze sinn.