Insulin-MäerderAn Däitschland steet en Aide-Soignant ënner Mordverdacht

Hie soll 6 eeler Leit op verschiddene Plazen am Land ëmbruecht hunn. En hätt sengen Affer déidlech Dose vun Insulin ginn.

De Mann vu 36 Joer aus Polen sëtzt zanter Februar an Untersuchungshaft.

Enquêteure reprochéieren him och 3 versichte Morden an 3 Fäll vu geféierlecher Kierperverletzung. Hie soll och ganz vill Clienten beklaut hunn.

Ugangs des Joers war de Mann ënner Verdacht geroden an doropshin goufen aner Fäll ënnersicht.