Kambodscha2 Leader vu Roude-Khmer wéinst Genozide schëlleg gesprach

E Spezialgeriicht vun de Vereenten Natiounen am Kambodscha, huet fir d'1. Kéier Vertrieder vum Regimme vun de Roude-Khmer wéinst Vëlkermord veruerteelt.

Déi zwou Persounen, dorënner de fréiere Staatschef Khieu Samphan goufe wéinst Genozide fir schëlleg gesprach an zu enger liewenslänglecher Prisongsstrof veruerteelt. Déi zwee ware schonn do virdrun wéinst anere Virwërf veruerteelt ginn.