SüdsudanJonkt Meedche gëtt op Facebook versteet

Dat 16 oder 17 Joer alt Meedche gouf vun engem Mann "kaf", deen dräimol esou al ass wéi hatt. Säi Präis: 500 Kéi, 3 Autoen an 10.000 Dollar.

© geralt / public domain
Dat huet CNN dës Woch gemellt. De Mann ass scho mat 8 anere Frae bestuet. D'Annonce gouf Enn Oktober online gesat an d'Hochzäit gouf den 3. November gefeiert. Am Ganze ware 5 Männer bäi dëser Stee aktiv, e puer dovunner sinn anscheinend héich Membere vun der nationaler Regierung.

Den Deal gouf am Ufank net um soziale Reseau publizéiert, Facebook an aner Plattforme si nach ganz nei am Südsudan. Eng aner Persoun huet eng Foto vum Meedchen online gesat an et gouf direkt ganz dacks gedeelt. D'Famill hat u sech net wëlles, déi Geschicht op den Internet ze setzen, allerdéngs war de Montant, deen hei ugebuede gouf, esou héich ass, dass all Mënsch dovunner geschwat huet.

Et goufen nach Diskussiounen iwwer de Sujet um soziale Reseau 3 Wochen nodeems d'Publikatioun erofgeholl gouf. Facebook gëtt nees kritiséiert, well 2 Woche laang näischt vun hinne geschitt ass. E Pressespriecher vum Reseau huet CNN matgedeelt, dass alles ënnerholl gëtt, fir Mënschenhandel oder soss aner illegal Aktioune vun hirem Netz ze huelen. Dofir gëtt d'Zuel vun de Leit verduebelt, déi all Contenu, dee géint hir Reegele verstéisst, ënnersichen a blockéieren. E ganze Budget gouf an nei Technologien investéiert, fir esou tragesch Situatioune méi séier fannen ze kënnen.

D'Affär huet fir ganz vill Diskussiounen am Land an op internationalem Niveau gesuergt, och well politesch Responsabelen hei dra verwéckelt waren. All Aktioun, wat net am Kand sengem Recht geschitt, oder wat net de beschten Interêt vum Kand verfollegt, ass am Südsudan illegal. Eng Hochzäit misst hei op fräiwëlleger an opgekläerter Basis geschéien an all Kand huet d'Recht virun enger Zwangshochzäit beschützt ze sinn. Leider ass d'Realitéit net ëmmer esou positiv fir Kanner.

Och wann d'Bezuelen zur nationaler Kultur an deem Kader gehéiert, huet d'Technologie déi ganz Geschicht op e ganz anere Niveau bruecht. E Responsabel vu Plan International seet "dass e Kand hautdesdaags um gréisste soziale Reseau weltwäit ouni Problem verkaf ka ginn ass net ze gleewen". 



Den George Otim, Land-Direkter vu Plan International am Südsudan fuerdert d'Regierung op, hir Memberen erauszegeheien, déi bäi der Steet matgemaach hunn. Hie qualifizéiert dës Manipulatioun als "barbaresche Gebrauch vun den Technologien". Elo ass d'Angscht grouss, dass aner Leit op d'Iddi kommen, ähnlech Aktiounen um Reseau ze probéieren.