Castaner-Appell ignoréiertGilets Jaunes wëlle sech fir eng 4. Protestaktioun mobiliséieren

De franséischen Inneminister Chistophe Castaner huet en Dënschdeg an enger Kommissioun Ried an Äntwert gestanen an en Appell un d'Gilets Jaunes gemaach.

© AFP

D'Gilets Jaunes sollte sech dëse Weekend net zu Paräis mobiliséieren. Deem Appell schéngen d'Aktivisten awer net wëllen nozekommen. Op de sozialen Netzwierker ass nämlech zu enger 4. Protestaktioun opgeruff ginn.

De Castaner huet en Dënschdeg nach virum Senat gemengt, bei enger weiderer Manifestatioun méi Sécherheetsleit anzesetzen, fir esou eng Situatioun wéi déi de leschte Weekend z'evitéieren. Landeswäit wieren 65.000 Beamten am Asaz gewiescht, deen Effektiv soll an d'Luucht gesat ginn.