Nach ee wäite WeeEuropäesch Kommissioun wëll "Zero emissions" bis 2050

Bis 2050 wëll d’Europäesch Kommissioun, dass den europäesche Kontinent klimaneutral soll sinn.

© AFP

Bis dohinner hunn alleguerten d’Memberstaate vun der EU allerdéngs nach ee wäite Wee viru sech.

"Zero emissions" bis 2050/Reportage Bill Wirtz

Enn leschte Mount huet d’Europäesch Kommissioun eng Strategie annoncéiert, fir bis 2050 op dem sougenannten "zero emissions"-Zil unzekommen. Dat heescht, dass Europa an e bësse méi wéi 30 Joer ganz vu fossille Brennstoffer ewechkomme wëll.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen, Member vum Ëmweltcomité vum Europäesche Parlament erkläert, dass ee virun allem d’Kuelekraaft emol ofschafe misst, fir den Ziler gerecht ze ginn. E Plang wier d’Propos vun der Kommissioun net, och well d’Memberstaaten hannendran hänken. Lëtzebuerg kéint sech mat senge Resultater och net bretzen, well mir bei 6% amplaz vun 11% erneierbar Energië wieren. Dat wier zwar bis 2020, mee de Christophe Hansen weist sech skeptesch, dass dat Zil erreechbar wäert ginn.

De Christophe Hansen seet, dass besonnesch d’Performance vun deene Gréngen an der Regierung, déi sech op dësem Dossier jo ambitiéis weisen, ze wënsche géing iwwreg loossen. Vu Mesuren, wéi méi héich Steieren, déi d’Consommatioun erofdrécke sollen, hält den CSV-Politiker näischt.

D’Europäesch Kommissioun encouragéiert d’Memberstaaten, fir bis zum Europäesche Conseil vum Mee 2019 konkret Proposen ze maachen.

De Communiqué vun der Kommissioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.