FrankräichBis zu 700 Schüler bei Schülerproteste virleefeg verhaft

Wéi et aus dem Inneminister heescht, hätte si de Schoulbetrib gestéiert an et wier zu gewalttätegen Ausernanersetzunge komm.

© AFP
Dausende Schüler aus dem ganze Land waren um Donneschdeg op d'Strooss gaangen, fir géint déi méi haart Kritären ze streiken, déi op Héichschoulen agefouert goufen. Donieft fäerte si och, datt de Budget fir d'Léierpersonal soll gekierzt ginn.

D'Demonstranten hunn a bal 280 Schoulen de Betrib gestéiert a 45 Gebaier goufe souguer komplett blockéiert, wéi et aus dem franséischen Inneministère heescht. Op ville Plaze koum et zu gewalttätegen Ausernanersetzungen.