Attentat zu StroossbuergBilan klëmmt op 5 Doudeger, Familljemembere vum Täter nees fräi

Nom Stroossbuerger Attentat ass um Sonndeg den Owend e weidert Affer, e 35 Joer ale Mann, gestuerwen.

De Mann war zënter 5 Deeg am Koma.

Familljemembere vum Täter nees fräi, 3 Leit nach an der Garde à vue
D'Famill vum Cherif Chekatt gouf e Mëttwoch, respektiv nach en Dënschdeg den Owend vun der franséischer Police festgeholl.

De Parquet vu Paräis huet e Samschdeg den Owend wësse gedoen, dass hinnen net konnt nogewise ginn, dass Si iwwert d’Pläng vum Täter Bescheed woussten oder dass si eventuell souguer mat involvéiert waren.

3 weider Leit aus dem noen Ëmfeld vum Täter, bleiwen dogéint weiderhin am Garde à vue.

© AFP Archivbild