MarokkoVerdächteg Persoun bei Mordfall festgeholl

Zwou skandinavesch Touristinne goufe wärend hirem Openthalt am nordafrikanesche Land ëmbruecht, d'Autoritéite sichen no weidere Verdächtegen.

© Fethi Belaid / AFP

Am Kontext vum Mord un zwou skandinaveschen Touristinnen a Marokko, gouf en Dënschdeg zu Marrakesch e Mann festgeholl.

No weidere Verdächtege gëtt nach gesicht. D'Läiche vun den zwou Frae goufe gëschter fonnt, mat Spure vu Gewalt um Genéck.

Den Tourismus ass ee vun de wichtegsten ekonomesche Secteuren am Marokko.