VIDEO AN AUDIO - Regierungskris an der BelschPremier presentéiert Demissioun, Kinnek waart mat Decisioun

No der annoncéierter Demissioun vum liberale Premier huet de Kinnek Philippe e Mëttwoch de Moie mat de Consultatioune vun de Parteipresidenten ugefaangen.

Belsch: Demissioun vun der Regierung (19.12.2018)
Nodeems d'NV-A d'Koalitioun verlooss an déi du keng Majoritéit méi hat, huet de Premier Charles Michel dem Kinnek d'Demissioun vun der Regierung proposéiert.

Hie wëll sondéieren, wéi een am beschten aus der aktueller politescher Impasse an eisem Nopeschland erauskomme kann. Theoretesch leien zwee Zeenarien um Dësch: virgezunnen Neiwalen oder eng Regierung, déi just déi lafend Geschäfter bis déi nächst Parlamentswalen de 26. Mee d'nächst Joer leet. Et leeft den Ament kloer ob déi zweet Optioun eraus.

Belsch Regierungskris - Reportage Claude Zeimetz

Eng Optioun an där d'Belsch jo schonn eng gewëssen Übung huet. A wann een déi rezent Vergaangenheet kuckt, missten déi 5 Méint "en affaires courantes" och einfach ze verdaue sinn. Erënneren mer eis un 2007 respektiv 2010-2011, wéi eist Nopeschland déi lescht institutionell Kris erlieft huet. Ausléiser war och déi Kéier schonn déi nationalistesch, separatistesch, flamännesch NV&A, déi bei de virgezunnen Neiwalen am Juni 2010 mat 27 Sëtz am Parlament zu Bréissel de fulminante Walgewënner gëtt. Eng Partei déi sech fir en onofhängegt Flanderen asetzt an op där Säit vum Land 60% vun der Populatioun vertrëtt, ma et net fäerdeg bréngt fir sech mat den Aneren iwwert e Regierungsprogramm eens ze ginn an dat méintelaang. Mam Resultat, datt de Konservativen Yves Leterme um Enn 561 Deeg un der Spëtzt vun enger Regierung vun de lafende Geschäfter steet. An där Zäit assuréiert d'Belsch ënnert anerem eng EU-Presidence.

Den Yves Leterme huet an engem Interview och besonnesch op, flamännescher Säit, viru Kräfte baussent dem politesche Spektrum gewarnt, déi riskéiere géifen, sech iwwert d'Positioune vun der nationalistescher NV&A eraus ze radikaliséieren. Déi separatistesch Fro ass deemno nees sou aktuell wéi well laang net méi an engem Land, dat nach am Summer, gëeent wéi seelen, de Succès vun hiren "diables rouges" op der Fussball-WM gefeiert huet.

Ausser der NV&A, déi a rezente Sondagen no hirem provozéierte Sträit iwwert den UNO-Migratiounspakt Réckewand huet, huet sech bis ewell keng Partei fir virgezunnen Neiwalen ausgeschwat. D'Consultatiounen am Palais mat de 4 éischte Parteipresidenten si bis e Mëttwoch de Mëtteg 4 Auer ugesat a sollen en Donneschdeg weider goen. Bis dohinner bleift d'Zukunft vun der Belsch "en suspens". D'Walcampagne dogéint ass kloer lancéiert.

Well an der Belsch souwisou am Mee d'nächst Joer een neit Parlament gewielt gëtt, kéint de Kinnek theoretesch de Charles Michel op en neits domat chargéieren, eng Regierung fir déi nächst fënnef Méint ze forméieren.

De Charles Michel hat en Dënschdeg den Owend iwwerraschend säi Récktrëtt annoncéiert. Kuerz virdrun haten d'Sozialdemokraten an déi Gréng am Parlament ee Mësstrauensvotte géint de liberale Politiker annoncéiert. Domat sollt de Charles Michel opgefuerdert ginn, bannent 48 Stonnen eng aner politesch Richtung anzeschloen. Deem virausgaangen ass eng Regierungskris vun 10 Deeg.

Déi nationalistesch Regionalpartei NV&A hat d'Regierung virun annerhallwer Woch aus Protest géint d'UN-Migratiounsofkommes verlooss. D'NV&A war bis dohin dee mat Ofstand gréisste Koalitiounspartner vun der Mëtt-Riets-Koalitioun, déi zanter 2014 vum Charles Michel dirigéiert gëtt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.