ItalienStar-Architekt Renzo Piano soll Bréck vu Genua nei opriichten

De Renzo Piano, dee gebierteg vu Genua ass, gesäit säi Projet als eng Spend u seng Heemechtsstad a verzicht op säin Honoraire.

Hien huet de Centre Pompidou zu Paräis entworf, d'Parlamentsgebai op Malta respektiv de Masterplang fir d'Rekonstruktioun vum Potsdamer Plaz zu Berlin, de Stararchitekt Renzo Piano. Elo soll hien d'Bréck zu Genua nei opriichten, déi viru véier Méint an ee Koup gefall war.

De Renzo Piano, dee gebierteg vu Genua ass, gesäit säi Projet als eng Spend u seng Heemechtsstad a verzicht op säin Honoraire. Dat huet de Buergermeeschter vun der italienescher Stad en Dënschdeg bekannt ginn.

De Buergermeeschter vu Genua huet dem Renzo Piano säin Entworf presentéiert.

Den 81 Joer alen Architekt hat säi Projet am September virgestallt a sot deemools, dass déi nei Bréck op d'mannst dausend Joer géif halen. D'Autobunnsbréck war de 14. August dëst Joer zesummegebrach. 43 Mënsche koumen ëm d'Liewen, Dosende goufe blesséiert, wéi ongeféier een 200 Meter laangt Stéck vun der Morandi-Bréck an d'Déift gefall war.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.